kohl.jpg

Kooperateur

Eng Part = 150 Beki/€
Mam gesammelte Fong investéiere mir an déi verschidde Projeten, déi hei um Site opgelëscht ginn. D'Kooperativ Vun der Atert  iwwerhëllt d'Roll vun der Bank. Soubal d'Projeten op eegene Bee stinn, ginn d'Suë nees zréck an de Fong. 

Dir kënnt e RDV ausmaachen, eng Noriicht schécken op vunderatert@gmail.com oder iwwerweisen op:
BGLLU03 0030 3808 9005 0000 Mentioun Part VDA

ennen.jpg

Bénévole

Et muss ee nitt Kooperateur sinn, fir als Bénévole aktiv un eise verschidde Projeten deelzehuelen. Kee vun eise Bénévolen ass verpflicht ëmmer do ze sinn. Deen deen Zäit huet kënnt a wa nitt, ass et fir eng aaner Kéier. Et sicht een sech dee Projet aus, deen engem am meeschte läit:

Gaart-à-Vous
RDV Samschdes zu Biekerech hannert der Waasserfabrik am Eschenfeld vun 8h00 un bis 12h00. Et kann een och ausserhalb vun desem RDV Onkraut rappe goën, etc. 

Vizerei
Soubal eng Commande erakënnt, stellt sech en Team zesummen, wat da Weekends disponibel wir fir Viz ze pressen an anzemaachen. Zäitraum ass September/Oktober, je no Rekolt a je no  Wieder.